Apr 30 2008

Monsanto, mat Gëft a Genen

Published by at 08:05 under TV

Den Lëtzebuergeschen RTL traut sech fir d’éischte Kéier un auslännesch Produktiounen.

Donneschdeg, den 1. Mee 2008 waisen sie um 20:00 Auer den Dokumentarfilm Le Monde selon Monsanto. D’Produktioun kruut eng Lëtzebuergesch Synchronfaasung an leeft elo ënner dem Titel: Monsanto, mat Gëft a Genen.

Réalisatrice : Marie-Monique Robin
2007, 109 Minutten, mat lëtzebuergeschem Commentaire

Monsanto ass eng vun den ëmstriddensten Entreprisen op der Welt. Bis Ufank vun de 70 er Joren war Monsanto och zu Iechternach implantéiert, haut ginn et Fabrikken a Filialen a 46 Länner uechter d’Welt. Monsanto ass de weltwäite Leader fir gentechnesch modifizéiert Organismen (OGM). Zanter der Kreatioun am Joer 1901 ass d’Entreprise wéinst der Gëftegkeet vun hire Produiten an eng ganz Rei Prozesser verwéckelt. Trotzdem presentéiert sech Monsanto haut als eng Entreprise vun der “Wëssenschaft vum Liewen”, déi sech fir nohalteg Entwécklung asetzt.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply