Nov 05 2014

Nei Doku-Serie nächst Joer op RTL Télé Lëtzebuerg

Published by at 01:52 under LARS,TV

SOURCE: http://www.rtl.lu/kultur

D’Serie, déi den 1. Februar 2015 ufänkt, heescht „routwäissgro“ a baséiert op engem Appel vu Filmfong an RTL.

Aus den 45 Projeten, déi eragereecht goufen, huet e Jury um Enn „routwäissgro“ zréckbehalen, eng Serie vu 24 Episoden, déi eng hallef Stonn laang daueren a vun engem Kollektiv vu net manner wéi 13 onofhängege Realisateure gedréint ginn.
Zil vum „Kollektiv 13“ ass et, ee realisteschen Portrait vun der aktueller Lëtzebuerger Gesellschaft op d’Télé ze bréngen.

All Episod vun der neier RTL-Serie gëtt dann och vun engem anere Regisseur realiséiert, dee “Lëtzebuerg ouni Filter“ wëll weisen an domat dem Genre vum Observatiouns-Dokumentaire ugehéiert.

Déi nei RTL-Serie gëtt vum 1. Februar u gesent an zwar sonndes mat 2 Dokumentairen hannereneen vun Owes 18.30 Auer un.

Realisateure sinn ë.a. de Yann Tonnar, den Tom Alesch, de Jacques Molitor, d’Anne Schiltz oder och d’Laura Schroeder.

Comments

comments

No responses yet

Comments are closed at this time.

Trackback URI |