Dec 24 2010

RTL Télé Lëtzebuerg: Feierleche Programm fir d’Feierdeeg

Published by at 01:01 under TV

SOURCE: http://news.rtl.lu

Lëtzebuerger Filmer, Usproochen a Retrospektiven – esou kinnt een de Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg fir d’Feierdeeg ëm de Joreswiessel resüméieren.

De Film “InThierryview” (vum Andy Bausch a mam Thierry van Werveke) weist RTL Télé Lëtzebuerg op Silvester.

“D’Feierdeeg sinn all Joer fir eis d’Geleeënheet, fir de Leit eppes Aussergewéinleches ze bidden. ‘Wou ass dem Kleesche säi Päerd?’ an ‘InThierryview’ sinn ouni Zweiwel 2 Filmer, déi rezent e grousse Public an d’Kinoe gezunn hunn. Endlech dierfe mer dës Lëtzebuerger Blockbuster och op der Télé weisen, an zwar op Chrëschtdag an op Silvester”, seet de Steve Schmit, “Station manager” vun RTL Télé Lëtzebuerg.

“Da war 2010 och ee ganz grousst Joer fir de Lëtzebuerger Sport. Virun allem am Cyclissem hu mir dëst Joer d’Land dierfen op der Télé mat spektakuläre Biller a Resultater verwinnen”, esou de Steve Schmit weider. “An enger grousser Emissioun mat Public kucke mir mat Andy, Fränk a Bob zeréck op hir Erfolleger a schwätzen natierlech och iwwert hir nei Equipe an hir Ambitioune fir 2011”.

Hei e kuerzen Iwwerbléck iwwert d’Highlights op der Télé:

– Samsdes, 25. Dezember 2010 (Chrëschtdag)
19.30 Auer: Usprooch vum Grand-Duc
20.00 Auer: De Film “Wou ass dem Kleesche säi Päerd?”

– Sonndes, 26. Dezember 2010 (Stiefesdag)
19.30 Auer: Retro “Sport”

– Freides, 31. Dezember 2010 (Silvester)
20.00 Auer: De Film “InThierryview” (vum Andy Bausch a mam Thierry van Werveke)

– Samsdes, 1. Januar 2011 (Neijooschdag)
19.30 Auer: Usprooch vum Staatsminister

– Sonndes, 2. Januar 2011
19.30 Auer: Retro “Cyclissem”

Vum Méindeg, 20. Dezember bis Sonndeg, 2. Januar fänkt de Journal (inklusiv Magazin) all Dag ewell ëm 19 Auer un an net wéi gewinnt ëm 19.30 Auer.

Alles, wat um 1. Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg leeft, kënnt Dir och op RTL.lu um Livestream kucken!

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply