May 16 2011

Weemseesdet: Déi 2 lescht Haaptrollen sinn elo besat

Published by at 10:52 under TV

SOURCE: http://kultur.rtl.lu/kulturpur/news/106793.html

Weemseesdet: Elo goufen d’Nimm fir déi lescht 2 Haaptrolle bekannt: Den Thierry Mousset an d’Anne Bredimus si mat derbäi.

Am Summer gëtt déi éischt Lëtzebuerger Sitcom produzéiert.

An de Studioen zu Dummeldeng war e Samschdeg, 30. Abrëll de Recall vum Casting fir d’Sitcom “weemseesdet” – a Präsenz vum Marc Limpach, Claude Lahr a Jean-Claude Schlim, fir déi 2 lescht Haaptrollen ze besetzen.
Elo sinn déi 2 lescht Nimm bekannt: Den Thierry Mousset gouf zréckbehale fir d’Roll vum Fränz Wampach, an d’Anne Bredimus fir déi vum Laura Leinweber, déi bescht Frëndin vum Charlotte.
D’Mamm, de Papp an d’Mädchen hate schonn e Gesiicht. D’Nicole Max an de Germain Wagner spillen d’Elteren an d’Eugénie Anselin, d’Meedchen aus der Famill, d’Charlotte Wampach.
De Max Thommes spillt de beschte Kolleg vum Fränz Wampach an den Nilton Martins, de Raoul, der Botzfra hire Bouf.

Fir eng wichteg Nieweroll ginn nach Kandidatinne gesicht:

D’Wampachs sinn eng Stacklëtzebuerger Famill. Si stinn am Mëttelpunkt vun der Sitcom “Weemseesdet”. Si hunn eng portugisesch Botzfra, d’Maria Teixeira dos Santos. D’Maria ass an de 70er Joeren op Lëtzebuerg geplënnert, si ass bestued an huet zwee erwuessene Kanner. D’Maria séngt gären.
Déi interesséiert Kandidatinne sollen ëm déi 50 a 60 Joer al sinn, portugisesch a franséisch schwätze kënnen, an am Summer 2011 disponibel sinn. D’Kandidature mat CV a Photo kënnen op casting@dealproductions.com geschéckt ginn. Weider Informatioune kritt een um Telefon 27848727.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply