Sep 20 2011

Weemseesdet – Présentatioun

Published by at 01:14 under TV

SOURCE: http://tele.rtl.lu

Ab dem 30. September op RTL

Wat ass iwwerhaapt eng Sitcom? Sitcom steht fir situation comedy. Eng Sitcom liewt natierlech virun allem vu Pointen a komesche Momenter a Situatiounen, allerdéngs am Kader vun enger dramatescher Handlung mat Haaptfiguren déi ëmmer erëm kommen. Well eng Sitcom am Studio gedréint gëtt, spillt d’Handlung meeschtens an zwee oder dräi feste Räim.

Eng Sitcom zu Lëtzebuerg ass Neischnéi. Do ass nach keen dra getrëppelt oder huet och nëmmen e Fouss dra gesat. Duerfir ass et wichteg (an dann och spannend), net vun enger kënstlech konstruéierter Konstellatioun auszegoën, mee eng Ausgangspositioun ze wielen, déi zumindest dem Bild vun enger “vermeintlecher” lëtzebuergescher Réalitéit entsprécht: Eng Famill aus der Mëttelschicht an enger klassescher Mëttelschichtsgesellschaft. Eng Sitcom iwwert d’lëtzebuerger Biergerlechkeet. A jiddfer Folleg ginn d’Haaptpersonnagen mat enger Rei Konflikter konfrontéiert, bei deenen eppes Wichteges fir sie um Spill steet. Dobäi ensteet den Humor – wéi bei all wierklecher Sitcom – virun allem aus de Figuren, déi de jeweilege Konflikt léise mussen.

Ganz niewebäi bleiwt dobäi awer och, vu Folleg zu Folleg, de Klischee vun enger “gudder lëtzebuergescher” Famill op der Streck. D’Realitéit vum 21. Johrhonnert ass – esou guer am beschauleche Lëtzebuerg – net méi déi vu virun 40 Joër. Dat soziaalt, kulturellt a gesellschaftlecht Ëmfeld huet sech grondlegend geännert.

Wat sinn méiglech Virbiller fir eng alleréischt lëtzebuergesch Sitcom? An de 70er Joëren war an Amerika “All in the Family” eng vun de populärsten Sitcomen, baséiert op der britescher Série “Till Death Us Do Part”. Ongeféier zäitgläich ass an Däitschland “Ein Herz und eine Seele”, eng immens erfollegräich däitsch Adaptatioun vun der englischer Virlag, entstan. Am Mëttelpunkt vun deenen dräi Sitcoms stung de Generatiounskonflikt tëscht dem reaktionäre Papp (e “lovable bigot”) an de Kanner aus der Hippie- oder 68er-Generatioun.

D’Figur vum “Archie Bunker” gouf an Amerika Kult, dat selwëcht ass an Däitschland mam “Ekel Alfred” passéiert. Wann een awer 2011 eng Sitcom produzéiert, da sinn d’68er – zu Lëtzebuerg also déi, di an de 70er Joëren hiren “coming of age” haten – elo selwer Elteren, an oft schwéier an der Midlife-crisis. An eiser Sitcom ass de Wampachs Rom en idealistesch/zynësche Proff an also Staatsbeamten (e “lovable ex-leftie”) an d’Georgette, seng Fra, eng opbrausend Psychologin. Awer hir Kanner, de Fränz an d’Charlotte, sinn net grad esou wéi sie sech dat erhofft haten… an och de Rom an d’Georgette sinn net di exemplaresch Elteren, di si an de 70er Joren eigentlech gi wollten.

Vun hire Problemer an der Koppel net ze schwätzen. Mee eng Scheedung kéim fir d’Georgette no all deene Joren net an d’Tut – wat gingen d’Noperen da soën! Virun allem d’Konsbrücks (de Jang an d’Francine), déi ëmmer erëm bei Wampachs laanschtkommen. Eng Mëschung aus “Roseanne”, “Cosby-Show” a “My So-Called Life” op Lëtzebuerg iwwerdroën.

En aneren wichtegen Aspekt vun der Basisiddi ass déi typesch sozial Realitéit zu Lëtzebuerg, dat heescht, eng Mëschung aus Mëttelstandsgesellschaft a Multikulturalitéit. D’Mamm huet italiéinesch Wuerzelen, déi sie awer net wierklech interesséieren. Wampachs hunn eng portugiesesch Botzfra, d’Maria, däer hire Bouw, de Raúl, schon eng gutt Plaz op der Bank huet.

D’Charlotte huet eng montenegrinesch Frëndin, d’Sabina, dat mam Charlotte Basket spillt – awer um Fieldgen an d’Schoul geet. De Max, dem Fränz säi beschte Kolleg, ass adoptéiert a seng Elteren hu sech och nach virun dräi Joër getrennt: elo gëtt hien vun zwou Säite verwinnt. An iergendwann huet d’Georgette esou guer de “schlëmme” Verdacht, hire François kéint vläit schwul sinn, an de Rom ging vläit mam Francine friem goën an d’Charlotte ging…! Dat wier jo alles net auszedenken… “Dat kann dach net sinn.” WEEMSEESDET

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply